Déi bekannten amerikanesch Moudebloggerin Iris Apfel ass e Freideg am Alter vun 102 Joer gestuerwen.

Extravagant Outfits, grouss opfälleg Brëller, déck Ketten, vill Braceleten an dat ënnert dem Motto "more is more". D'Fra war bekannt wéinst hirem exzentresche Kleedungsstil, dee si op de sozialen Netzwierker gedeelt huet.

Si huet ënnert anerem mat H&M, Citroën, Magnum, Mac an Happy Socks collaboréiert. Op Instagram hat si bal 3 Millioune Follower a war nach Gaascht op villen Defiléen aus der Haute-Couture.

Wéi e Porte-parole vum Iris Apfel e Freideg géintiwwer der New York Times confirméiert huet, wier si an hirem Doheem zu Palm Beach gestuerwen. Eng Doudesursaach gouf net genannt.