Wann een dee räichste Mann aus Asien ass, da kann een och scho mol Party maachen, virun der Party. Dat war nämlech just en Avant-goût op eng Hochzäit.

Dräi Deeg laang gouf gefeiert, zesumme mam Multimilliardär Mukesh Ambani a senger Famill. Hie gëllt Forbes no als räichste Mann aus Asien. Natierlech waren op dësem Mega-Event och bal just Stars aus Hollywood, Bollywood, Politiker a souguer Kinnekskoppelen invitéiert, wéi gesot als Avant-goût op d'Hochzäit vu sengem Fils Anant Ambani dëse Summer.

A wat mécht een op esou enger Mega-Party? E Samschdeg goung et zum Beispill op en Ausfluch an en Déiererettungszenter. An deem Kader kruten d'Gäscht, zu deenen och de Popstar Rihanna an de Meta-Chef Mark Zuckerberg gehéiert hunn, e méi ongewéinlechen "Dschungelféiwer "-Dresscode recommandéiert, dat heescht fir d'alleréischt mol bequeem Schong a keng High Heels fir d'Dammen.

A firwat grad en Ausfluch dohin? Dësen Zentrum fir Déiererettung zu Jamnagar gehéiert zum Liblingsprojet vum Anant Ambani.

Op der Gäschtlëscht stoung dann och de Microsoft-Grënner Bill Gates, de Kinnek vu Buthan an d'Ivanka, Duechter vum Ex-US-President Trump, souwéi sëllege weider Promien aus alle Sparten: Politik, Wirtschaft a Showbusiness. D'Rihanna war och net just en einfache Gaascht, si stoung fir eng privat Performance op der Bün, iwwregens den éischten Optrëtt zanter dem Superbowl d'lescht Joer. Medieberichter no kascht sou een Optrëtt bis zu 9 Milliounen Dollar.

Et war eng Party mat verschiddenen Evenementer, mat ënnerschiddlechen Theemen an och anere Kleederuerdnungen. Déi eigentlech Hochzäit an och d'Hochzäitsfeier vum Milliardärsbouf mam Radhika Merchant si vill méi spéit am Joer. Sengem Papp säi Verméige gëtt Forbes no op ëmgerechent ronn 116 Milliarden Dollar geschat. De 66 Joer ale Mukesh Ambani ass Chef vun der Firmegrupp Reliance Industries.

Viru 6 Joer hat seng Duechter Hochzäit gefeiert. Do war ënner anerem d'Beyoncé als Special guest op der Bün. 92 Milliounen Euro huet dat Ganzt kascht, bis ewell déi deierst Hochzäit an Indien. Wéi gesot bis ewell.