De 26. Mäerz gëtt zu Paräis eng ganz besonnesch Wunneng versteet.

Nieft dem groussen Ukleedzëmmer kann dës Wunneng och nach mat engem ganz besonnesche Virbesëtzer trompen. Dat war nämlech keen anere wéi de Karl Lagerfeld. Déi futuristesch gehale Residenz huet zwar just 3 Zëmmer, ma déi verdeele sech op ganzer 260 Quadratmeter. Renovéiert gouf se och nach net virun all ze laanger Zäit an dat mat vill Bëtongsbiedem an Trennwänn aus sandbestraaltem Glas. D'Haaptzëmmer ass 120 Quadratmeter grouss an do ginn et nach eng Rei gréisser Bicherregaler.

De Karl Lagerfeld huet ongeféier e Joerzéngt laang dra gewunnt an dat bis zu sengem Doud am Februar 2019.

Ugesat ass déi exklusiv Wunneng fir 5,3 Milliounen Euro a se läit am Quai Voltaire, also matten am historesche Kär vu Paräis. Donieft huet se eng spektakulär Vue op d'Seine an op de Louvre ze bidden. D'Stee ass an der Paräisser Industrie- an Handelskammer a sur place muss een och net sinn. Wien un der Wunneng interesséiert ass, ka sech och online oder per Telefon bedeelegen.