Net jidderee kann an der Oscar-Nuecht als gléckleche Gewënner heem goen, ma jidderee vun den Nominéierte kritt eng exklusiv Goodie Bag.

Passenderweis huet d'Bag den Numm "Everybody Wins". An eppes ass bal sécher: iwwer déi Virwëtztut fir Erwuessener huet een all Grond sech ze freeën.

Puere Luxus am Wäert vun engem sechsstellege Betrag fënnt een an der Oscar-Goodie-Bag zesummegestallt vum Lash Fary. Hie këmmert sech schonn zanter 22 Joer ëm d'Kaddoe fir d'Stars a mécht domat quasi jiddereen zum Gewënner, och déi, déi keen Oscar kritt hunn.

Wat schenkt een engem, dee schonn alles huet?

E Reesbong am Wäert vun 46.000 Euro am private Chalet Zermatt Peak an der Schwäiz mat engem direkte Bléck op d'Matterhorn. D'Plaz géif als Bijou an den Alpe gëllen, wéi de Lash Fary an engem Interview op de Grammys uganks Februar dëst Joer verroden hat. De Reesbong gëllt dann och net just fir eng Suite fir zwou Persounen, de Bong gëllt fir sämtlech fënnef Suiten, sou dass nach genuch Plaz ass fir Famill a Frënn. Iwwregens ass dëse Chalet 2023 fir eng véierte Kéier hannerteneen als weltbeschte Schi-Chalet ausgezeechent ginn.

Wien d'Bierger net sou gär huet, ka gären de Reesbong an d'Schwäiz géint en Openthalt an der Karibik tauschen. Amplaz op d'Matterhorn kann een dräi Deeg laang de Sonnenënnergang op der Plage op St. Barts bewonneren, dat an enger Privatvilla am Wäert vun 23.000 Euro.

Bei de flotte Reesbonge géif et allerdéngs een Hoke ginn. Vill Stars hätten e volle Programm, sou dass den Agenda déi Rees mol guer net erlaabt.

A propos volle Programm. Vun deem kënnen d'Hollywood-Stars sech an engem Spa a Kalifornien am Wäert vun 22.000 Euro erhuelen. Nieft dëse Luxus-Bonge ass an der Goodie Bag nach Popcorn mat Schampes-Goût, Designer-Knippercher, e Wäifrigo oder e Mini-Klappdësch. Op dee kann een dann entweder eng Hèrmes-Posch oder en Infrarout-Grill am Wäert vun 12.000 Euro stellen.

Dat war alles an der Goodie Bag d'lescht Joer

  • Eng Rees an d'kanadesch Haaptstad Ottawa
  • En Trip op d'italieenesch Insel Ischia
  • E Grondstéck an Australien, mat Akt
  • E Bong fir e renomméierte Schéinheetsdokter (Optioun fir entweder Fett ofsaugen, eng Hoertransplantatioun oder d'Gesiicht verjéngen)
  • Klengegkeete bestoend aus ënner anerem Kosmetik-Produiten, enger Wallis, engem Këssen, Téi, Séissegkeeten an aner exklusiv Snacks vun iwwer 60 exklusive Luxusmarken.