Déi weltwäit beschte Schockelasrulle beekt den Dimitri Bordon

© AFP
Bei der Coupe du monde de la chocolatine et du pain au chocolat leschte Sonndeg zu Toulouse huet e franséische Bäcker sech konnte beweisen.
D'Schockelasrulle vum Dimitri Bordon sinn deemno déi bescht op der ganzer Welt. Duerchgesat huet hie sech géint 20 Konkurrenten aus 12 verschiddene Länner.
Den 29 Joer ale Fransous aus dem Département Gers, deen eng Bäckerei zu Cugnaux, enger Banlieue vun Toulouse, bedreift, gouf vun der Jury erausgesicht. Dëse Jury huet aus 18 Professionellen aus dem Beräich vun der Restauratioun bestanen.
Et wier eng enorm Éier géint all dëse Kandidate gewonnen ze hunn. Hir Produiten, de Jury, dat Ganzt hätt engem schonn Angscht gemaach, sou de gléckleche Gewënner.
Dem Dimitri Bordon seng Victoire war dann och ganz knapp. Säi gréisste Kontrahent, de Fransous Tom Jean, koum op déi zweete Plaz an dat mat enger méi onkonventioneller Schockelasrull. Eng vun den zwou Epreuvë war et nämlech eng "Viennoiserie revisitée" ze kreéieren. An der Schockelasrull vum Tom Jean war nämlech Sichuan-Peffer mat verschafft, souwéi e Gelee aus Mandarine, Orange amère a Yuzu-Jus. Op déi drëtt Plaz um Podium koum den Italiener Mirko Zenatti, mat enger méi traditioneller Versioun.
20 Kandidaten aus 12 Länner, dorënner Saudiarabien, Kamerun, Kanada, Elfenbeinküst, Ägypten, Kuwait, Libanon, Marokko, Tunesien a Vietnam ware bei dëser zweeter Editioun vun der Weltmeeschterschaft dobäi. Frankräich war mat 4 Kandidaten an d'Course gaangen, genee wéi de Marokko, fir Kamerun waren et der 2.
Am Ganzen hu misse 24 Viennoiserien hiergestallt ginn, dovun 12 Klassiker an 12 no sougenanntem revisitéierte Rezepter. Sämtlech Gebäck-Stécker hu missen e präziist Gewiicht tëscht 70 an 90 Gramm hunn an et hu missen déi selwecht Haaptingrediente benotzt ginn: Botter a Schockela. Evaluéiert gouf no de Krittären wéi d'Bakzäit, Regularitéit, Qualitéit vum Deeg, Goût an Textur.