Denkt een un de Rouden Teppech op den Oscaren, denkt een un extravagant Outfits, geckeg Faarwen an aussergewéinlech Accessoiren. Ma net dëst Joer.

D'Oscar-Moud dëst Joer war wesentlech manner faarweg an éischter konservativ ausgefall, natierlech mat e puer Ausnamen. Ganz nom Motto "keep it simple", war d'Moud dëst Joer éischter Schwaarz, Gold, Wäiss ugehaucht. Och d'Faarf Rout war vertrueden, wann och däitlech manner. Bei de Männer war de schwaarze Kostüm wéi gewinnt de Must-wear.

Dacks geet et och manner ëm den Outfit a vill méi ëm den Designer, vun deem dat gutt Stéck staamt. D'Actrice Eva Longoria huet nach een dropgesat a kee Geheimnis draus gemaach, dass si éischter eng Barbie-Popp ass, déi ugedoen an noneegemaach gëtt.

Da ginn et wéi all Joer och nees déi Leit, déi sech u keen Dresscode halen. Zu deene Stars gehéieren zum Beispill d'Sängerin Billie Eilish an d'Realisatrice Justine Triet. Si hu sech éischter um männlechen Dresscode inspiréiert.