Mat 17 Joer krut de Bert eng schwéier Diagnos. "D'Dokteren hate mir nach sechs Méint ze liewe ginn, dat wier bis Chrëschtdag gewiescht."

An der Jugend huet een erausfonnt, datt den Hollänner Bert Janssen eng Kardiomyopathie huet. Eng Krankheet, déi dem Häerz et méi schwéier mécht, Blutt duerch de Kierper ze pompelen. 1984 goufen an Holland allerdéngs nach keng Häerztransplantatioune gemaach, sou datt hien deemools an eng Klinick an England iwwerwise gouf. Nëmmen eng Woch méi spéit war dunn e passend Häerz do.

Zu dëser Zäit ass een nach net dovun ausgaangen, datt e Patient esoulaang mat enger Häerztransplantatioun liewe kéint. Den haut 57 Joer ale Mann wëll e positiivt Beispill fir aner Patiente sinn, déi dës Hoffnung brauchen.

Duerch e Frënd ass hien op d'Iddi komm, Guinness World Records ze kontaktéieren. Mat 39 Joer an 100 Deeg, déi zanter der Transplantatioun vergaange sinn, huet de Bert Janssen nämlech de fréiere Rekord vu 34 Joer a 359 Deeg vum Kanadier Harold Sokyrka iwwertraff.

An der Tëschenzäit huet hien esouguer eng Famill gegrënnt a mat senger Fra Petra Janssen zwee gesond Kanner op d'Welt bruecht.