"Et ware vläicht 30 Leit do an et huet ee keng Méck héieren."
Vläicht kënnt Iech dat bekannt vir: Dausend Gedanken am Kapp a keen, deen eigentlech grad wichteg ass.
An awer fillt ee sech ënnerlech nervös an ass gestresst. Een Zoustand, dee wuel deem een oder anere kéint bekannt virkommen.
Duerch Zen Meditatioun soll een ënnerlech méi roueg ginn, sech besser konzentréiere kënnen a sech allgemeng méi ausgeglach fillen. Et ass eng buddhistesch Praktik, déi och Unhänger zu Lëtzebuerg huet, zanter 2019 gëtt et de Centre de Meditation Zen du Luxembourg an do war d'lescht Woch de Maître Olivier Reigen Wang-Genh, de President vun der internationaler Zen-Vereenegung, fir eng Konferenz op Besuch.
Ursprong vun der Zenmeditatioun an Europa
An de 60er Joren ass de Japaner Taisen Deshimanu op Paräis komm an huet d'Praxis vum Sôtô-Zen matbruecht, déi hie selwer iwwer Jore bei engem Meeschter a Japan geléiert huet. An Europa huet hie mat senge Virträg vill Erfolleg an ëmmer méi Leit interesséiere sech fir de "Zazen". Dat ass d'Meditatioun am sëtzen an aner Traditiounen.
Mat der Zäit grënnt hien den europäeschen Zen-Verband, deen et nach haut ënnert dem Numm "Association Zen International" gëtt. Mëttlerweil ass den Olivier Reigen Wang-Genh de President vun dëser Associatioun.
Centre de méditation Zen du Luxembourg
De Centre de méditation Zen zu Lëtzebuerg ass 2019 ënnert anerem duerch den Angelo Rubino entstanen. Hie war zu Stroossbuerg wéinst der Aarbecht an huet do un enger Meditatioun beim Kankyo Tannier matgemaach: "Dat war schonn eppes Besonnesches an engem Sall ze setzen, et ware vläicht 30 Leit do. Do huet ee keng Méck héieren an et huet een eppes Besonnesches gespuert."
D'Kankyo Tannier ass eng franséisch Meeschterin am Zen, eng buddhistesch Nonn, an huet och scho Bicher geschriwwen. Eemol de Mount kënnt si op Lëtzebuerg a leet eng Meditatioun an eemol d'Joer kënnt de Maître Olivier Reigen Wang-Genh fir eng Konferenz an eng Meditatioun.
"Aujourd’hui on parle beaucoup d'une hygiène physique, au niveau du corps, au niveau de l'alimentation beaucoup, de manière de vivre, de prendre soins etc. On ne parle pas de l'hygiène de la conscience. Et pourtant notre conscience c'est certainement de ce que nous avons de plus précieux. Est-ce que nous devrions protéger, ou nous devrions prendre le plus soins", seet den Olivier Reigen Wang-Genh am RTL-Interview.
"Ce n’est pas nécessaire d’être bouddhiste pour pratiquer la méditation zen"
D'Meditatioun ass accessibel fir jiddereen. Den Olivier Reigen Wang-Genh mierkt, dass sech hautdesdaags vill Leit dofir interesséieren. Et ass awer net néideg enger bestëmmter Relioun unzegehéieren, mee et ass op fir jiddereen, och wann d'Zen Meditatioun op traditionelle buddhistesche Ritualer baséiert.
"Simplement il faut bien comprendre que ces pratiques de méditation ne sont pas des choses qu'on improvise ou qu'on invente par soi-même. Des pratiques des méditations buddhistes sont des issus de très profonds enseignement, d'une très ancienne tradition. Et je crois que les personnes qui s’intéressent à la méditation devrait se tourner vers des pratiques traditionnelles de méditations."
Lescht Woch konnten dunn och bësse méi wéi 30 Leit esou eng Meditatioun erliewen. Wichteg ass d'Positioun vum Kierper a vun den Hänn. Den Olivier Reigen Wang-Genh weist, wéi et richteg geet an nach wärend de Gong am Raum nokléngt, deen den Ufank vun enger Meditatioun ukënnegt, gëtt et ganz roueg am Sall. An effektiv, et hätt ee keng Méck méi héieren.