Géint déi eegen Hallefschwëster
Herzogin Meghan gewënnt viru Geriicht

© AFP
D'Samantha Markle hat hir Hallefschwëster wéinst Verleumdung ugeklot, d'Meghan Markle huet viru Geriicht gewonnen.
Dat mellt de People-Magazin. Déi 59 Joer al Fra hat d'Herzogin ugeklot, well si a verschiddenen Interviewen hir Hallefschwëster diffaméiert hätt, och bei hirem Fernsee-Optrëtt beim Oprah Winfrey.
D'Samantha soll ronn 69.000 Euro gefuerdert hunn, well d'Meghan am Mäerz 2021 erzielt hat, dass si "als Eenzelkand" opgewuess wier. E Geriicht a Florida huet de Fall elo ofgewisen, well d'Samantha Markle net genuch Erklärungen ofginn hat.
Am meeschte gelies