De 17. Mäerz gëtt den Hellege Patrick gefeiert. Net nëmmen Dublin a ganz Irland sinn am Ausnamezoustand, op der ganzer Welt gëtt matgefeiert.

RTL

Och hei zu Lëtzebuerg. An RTL feiert dës Kéier mat. Gewannt dëse Freiden de Moien am RTL Wecker e Kuerf voll mat Saachen aus Irland: Whisky, Guinness, Cider, Béier, Séissegkeeten a Chipse vun der grénger Insel.

RTL

Wéi kënnt Dir matmaachen?

Beäntwert einfach dës Fro: Wéi heescht de legendäre Quartier mat de sëllege Pubs zu Dublin?

Temple Bar oder Green Mile

RTL

© Leonhard Niederwimmer on Unsplash

Schéckt eis déi richteg Äntwert op de 62468 fir 50 Cents de Message. De Gewënner gëtt kuerz no 9:00 am RTL Wecker gezunn an iwwerrascht.

Dëse Weekend gëtt St. Patrick's Day dann och zu Lëtzebuerg gefeiert, zum Beispill am Black Stuff op der Polvermillen an der Stad oder um Céili zu Zéisseng.

Kee St. Patrick's Day ouni keltesch Musek an déi kritt Dir och dëst Joer erëm zu Diddeleng um Zeltik zerwéiert. Ugangs der Woch war den John Rech am RTL Wecker fir d'Editioun vun dësem Joer virzestellen.

An hei kënnt Dir Iech scho musikalesch op St. Patrick's Day astëmmen: