Et geet ëm Integratiounsprojeten an Tiers-Lieuen, wou Communautéiten entstinn a wou ee seng Ressourcen, seng Capacitéiten a säi Wësse fräi deele kann.

An eiser Serie "Zesummen - Den Noperschaftstreff" presentéiere mir Iech verschidde Plazen uechter d'Land, wou ee baussent der Famill a senger Aarbecht Mënschen treffen, sech mat hinnen austauschen a sech kenneléiere kann.

Am Haus vun der Transitioun zu Esch dréit sech alles ëm d'Thema Nohaltegkeet. Am Restaurant vun der MESA kritt een eppes Vegetaresches z'iessen an an hirer Epicerie kann ee lokal Liewensmëttel kafen. Esou ginn d'Lëtzebuerger Produzenten ënnerstëtzt an d'Ëmwelt geschount. D'Produite kritt een nämlech gréisstendeels am Lassenen ze kafen, respektiv a Verpackungen, déi een nach eng Kéier ka benotzen. Emballagen aus Plastik fënnt hei net.

Den Tiers-lieu gëtt et zanter 2016 a gëtt vun Transitioun Minett geréiert. D'Iddi war et en Treffpunkt ze hunn, wou ee sech kann treffen, fir mateneen ze diskutéieren, Projeten auszeschaffen an eis Gesellschaft ze sensibiliséieren, datt mir alleguer ufänke méi nohalteg ze liewen.

De Replay vun all den Episode fannt Dir och um RTL Play.