Nora Kehli, Stephan Eicher, Arnaud Andries a Gewennyn
Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm "Zodi", Musek, Aventuren an den Zeltik.
D'Nora Kehli huet sech mam Zenario vum Film 'Zodi' e groussen Dram erfëllt. Als Gewënnerin vum 'Concours Crème Fraîche' 2023 hunn den SNJ an den CNA hiert Dréibuch verfilmt. Et geet ëm en Ierfschaftssträit vu 4 Geschwëster. Am Film, deen 15' dauert, spillen d'Brigitte Urhausen, Jil Devresse, Béatrice Paquet an den Nicolas Lech. D'Nora ass enk mat der Filmbranche verwuerzelt, och wann et déi jonk Fra éischter hannert Kamera zitt. Op der Uni Zürech huet déi jonk Fra Konschtgeschicht a Filmwëssenschaft studéiert a schreift selwer och Filmkritiken. www.erliewen.snj.lu

De Stephan Eicher kënnt en Donneschdeg mat der Tournée 'Et Voilà' op Munneref. Bekannt gouf hien engem breede Public 1991 mam Lidd 'Déjeuner en paix' vum Album 'Engelberg' wou och d'Lidd 'Pas d'ami (comme toi)' drop war. Am Ouer huet ee sécherlech och nach 'Combien de temps' vun 1987, an nach 7 Joer méi fréi, huet hie mat sengem Brudder Martin als NDW-Band 'Grauzone' den Disk 'Eisbär' erausbruecht. En Donneschdeg gëtt et am Casino zu Munneref e Mix aus alem a neiem Material vum sympathesche Kënschtler, deen net fir d'éischt am Grand-Duché ass.
https://casino2000.lu/en/events/stephan-eicher/

© Annick Wetter
Den Arnaud Andries war 7 Méint ënnerwee an ass duerch 25 Länner gereest. Ouni e Su an der Täsch a mat Autostopp, huet hie sech zimmlech gutt debrouilléiert an huet vill Leit kennegeléiert. Alles, wat den Aventurier op sengem laangen Trip gesinn an erlieft huet, beschreift hien op 135 Säiten. Den Auteur ass 1997 zu Bréissel gebuer a koum mat 2 Joer zesumme mat senger Famill bei eis an d'Land, wou hie seng Kandheet verbruecht huet. Déi beschten Erënnerungen huet de Sportscoach un d'Tierkei a seng Zäit am Iran. www.instagram.com/arnaud.andries

D'Gewennyn bréngt hir Fans den Owend um 'Zeltik' zu Diddeleng zum danzen. Just matsange gëtt méi schwéier, well een net all Wuert versteet. Se kënnt nämlech aus der Bretagne a séngt och wéi doheem an ass och typesch gekleet. Als trei Ambassadrice vun hirer Géigend versicht se, Kläng vu fréier mat enger Touche vun haut ze verbannen a setzt dobäi och Instrumenter a wéi et se bei hire Virfuere scho gouf. D'Gwennyn schreift a komponéiert hir Lidder selwer a versicht hire Public, egal op wéi enger Bün, datt se steet, matzerappen. https://gwennyn.com/
