Welcome Cyan: Den David Guetta ass fir d'Drëtt Papp ginn

© Image David Guetta / Facebook
De franséische Star-DJ a seng Partnerin Jassica Ledon sinn Eltere ginn. Dat huet den David Guetta iwwer Sozial Medie matgedeelt.
"Love is in the air" huet d'Koppel do geschriwwen an direkt déi alleréischt Baby-Foto vum klenge Cyan gedeelt. D'Freed steet dem 56 Joer alen DJ sichtlech an d'Gesiicht geschriwwen.
Eréischt bei de Latin Grammy Awards zu Sevilla am November 2023 huet een eng éischte Kéier gesinn, dass d'Koppel Nowuess erwaart. Houfreg huet d'Jessica Ledon do um Rouden Teppech hire Schwangerschaftsbauch presentéiert.
Fir den David Guetta ass et dat drëtt Kand. Hien huet zwee gemeinsam Kanner mat senger Ex-Fra Cathy Lobé, mat där hien 22 Joer laang bis 2014 bestuet war.