"All Mënsch huet d'Recht, Deel vum digitalen Zäitalter ze sinn"
Dat ass dem Mara Kroth säi Motto, dat zanter 2019 Leit, déi an der Noberuffszäit sinn, hëlleft, sech an der digitaler Welt erëmzefannen.
"Eis Visioun ass eng Gesellschaft, an där digital Technologië fir jiddereen zougänglech an nëtzlech sinn, egal wéi al een ass." Sou stellt d'Ekipp vu "GoldenMe" sech op hirem Site vir. Lancéiert gouf dës Initiativ scho virun der Pandemie vum Mara Kroth. "Spéitstens am Lockdown, wou alles ugefaangen huet, sech online ofzespillen, hu mir realiséiert, dass mir do net méi sou séier erauskommen an dat Ganzt musse weiderféieren", sou d'Grënnerin an Direktesch vun "GoldenMe".
Iwwer déi nächst Joren huet de Projet ferm evoluéiert. An der Tëschenzäit gehéiere véier Leit zur Ekipp an 2023 hu si eng Konventioun mam Familljeministère ënnerschriwwen. Nieft hire sougenannte "Smartphone Cafés" - wou Jonker den eelere Generatioune Froen zum Benotze vum Handy an engem informelle Kader beäntweren - bidde si och eng Rëtsch Workshoppen un, ewéi zum Beispill iwwer "Cybersecurity", also d'Sécherheet online, falsch Informatiounen am World Wide Web oder och iwwer kënschtlech Intelligenz. Méi Informatioune ginn et op hirem Site.