Franséische Kach Fabien Ferré kritt aus dem Stand eraus dräi Stären

Zanter e Méindeg 17 Auer ass gewosst, wéi eng Restauranten a Frankräich en neie Stär kréien. Iwwer 500 Käch a Kächinne ware present.
De 35 Joer ale Fabien Ferré huet eppes fäerdegbruecht, wat bis ewell ganz wéineg Käch hikruten. Hien ass direkt vun 0 op 3 Stären am Guide Michelin geklommen. Am ganzen huet de renomméierten Iessensguide 52 franséisch Restauranten eng éischte Kéier mat engem Stär ausgezeechent, dovun der 23, déi eréischt 2023 hir Dieren opgemaach hunn. Déi meeschte Stärerestaurante ginn et ëm Paräis an am Südoste vu Frankräich.
Vun 0 op 3 an engem Coup
Dem Fabien Ferré säi Restaurant "La Table du Castellet" läit am südfranséische Var. Och hien huet de Restaurant, an deem hie schonn zanter Joren d'Nummer 2 war, eréischt d'lescht Joer iwwerholl. Bei der "La Table du Castellet" kritt een u sech zwee Menüen, déi sech regional Produiten aus der Provence baséieren.
En drëtte Stär krut dann de Paräisser Kach Jérôme Banctel an en zweete goung ënner anerem un de Frédéric Anton, deen de Restaurant am Eiffeltuerm féiert.
Stären och an eiser Nopeschregioun

Bis ewell gouf et an der Moselle fënnef Restauranten, déi mat engem Stär ausgezeechent goufen. Elo koum mam "Le K" vum Benoit Potdevin zu Montenach e weideren dobäi, wéi et an engem Communiqué heescht. Weider huet an der Regioun de Restaurant Toya vum Loïc Villemin (Faulquemont), de Chez Michèle vum Bruno Poiré (Languimberg), de L'Arnsbourg vum Fabien Mengs (Baerenthal), d'Auberge Saint-Walfrid vum Stephane Schneider (Sarreguemines) an de Quai des saveurs vum Frédéric Sandrini (Hagondange) e Stär.