Jugendherberg oder Hotel? Wat hutt Dir léiwer?

1933 gouf zu Lëtzebuerg déi éischt Jugendherberg opgemaach. Dat war deemools zu Stengefort. Déi Joren dono sinn och op anere Plazen am Land dës Schlofméiglechkeete fir Familljen a Gruppe bäikomm.

Am Moment ginn et zu Lëtzebuerg 8 oppen Aubergen. Iwwert all déi Joren huet de Confort an d'Zilgrupp sech och verännert a sech de modernen Ufuerderungen adaptéiert