De wuel beléiftste fiktive Geheimagent, dem Ian Fleming säin James Bond, geet geschwënn a seng aachten Inkarnatioun.

No 16 Joer a fënnef Filmer als 007 hänkt den Daniel Craig säi mossgeschneiderte Kostüm un de Krop an iwwerléisst engem neie Schauspiller d'Roll vum stereotypesche brittesche Macho-Gentleman.

Zanterdeem am Joer 2019 bekannt gouf, datt No Time to Die (2021) dem Daniel Craig säi leschte Film an der Roll wier, hu sech d'Spekulatiounen iwwerschloen. Wie gëtt deen nächsten Acteur an der Nofolleg vu Film-Gréisste wéi dem Sean Connery, dem Pierce Brosnan oder och nach dem Roger Moore?

Den Aaron Taylor-Johnson gëtt héich gehandelt

Och wann et aus der Produktiounsfirma Eon Productions nach kee wäissen Damp gëtt, huet déi brittesch Zeitung Sun en Dënschdeg gemellt, dat den Aaron Taylor-Johnson d'Roll ugebuede soll kritt hunn. Dem Bericht no wëll den 33 Joer ale Britt d'Roll acceptéieren an nach dës Woch de Kontrakt ënnerschreiwen. Wien och ëmmer d'Roll als nächst iwwerhëlt, wäert se der Produktiounsfirma no warscheinlech fir 10-12 Joer behalen.

Den Aaron Taylor-Johnson huet seng Lorberen als Action-Star scho verdéngt, dat a Filmer wéi Kick-Ass, Avengers: Age of Ultron oder och nach Godzilla. An Nowhere Boy huet hie sech an der Roll vum jonke John Lennon vu senger méi gefillsvoller Säit gewisen.

Den Aaron Taylor-Johnson als nächste méiglechen James Bond wäert net all Mënsch iwwerraschen. Ma fir eng laang Zäit war den Idris Elba ee Favorit fir d'Roll. Hie wier deen éischte schwaarze Schauspiller an der Roll gewiescht, mä d'Diskussiounen ëm d'Hautfaarf vum fiktive Charakter ware letztendlech och dat, wat de Britt vun der Iddi ofbruecht huet. 2022 sot hien dem Wall Street Journal, d'Gerüchter géifen him fléiwen, ma hie géif net den James Bond gesinn, wann hien an de Spigel kuckt.

Ee weidere Favorit ëm d'Roll ass den Henry Cavill, deen aus anere Franchise-Filmer wéi Superman a Mission: Impossible scho bekannt ass. Hien huet 2020 an engem Interview mat GQ keen Heel draus gemaach, datt hie sech iwwer d'Geleeënheet géif freeën: "Ech géif de Bond onheemlech gäre spillen, et wier ganz, ganz opreegend."

Ee weidere Kandidat ass den James Norton, deen ënner anerem aus dem Greta Gerwig senger Versioun vu Little Women bekannt ass. Och an de Tëlee-Drame McMafia an Happy Valley war hien ze gesinn.

Och den Andrew Garfield, de fréiere Spiderman, gouf schonn als neien James Bond gehandelt. De mëttlerweil 40 Joer ale Schauspiller kann op eng laang Karriär zeréckblécken, an där hien ënnert anerem fir d'Regisseure Martin Scorcese an David Fincher virun der Kamera stoung. Kéint hie säi roude Superhelde-Kostüm geschwë fir eng méi stiléiert Garderob antauschen?

Wien ass äre Favorit? Stëmmt hei of!

Wann Dir Är Stëmm bis ofginn hutt, gesitt Dir och, fir wien anerer gewielt hunn.

Wann Dir op dëser Plaz keng Ofstëmmung gesitt, muss Dir fir d'éischt d'Cookies vum Site acceptéieren.