Interesséiert un enger Aarbechtsplaz bei de brittesche Royals? De Buckingham Palace sicht nom PR-Desaster vum Kate no engem Kommunikatiounsassistent.

Ufank Mäerz hat d'Prinzessin Kate eng Foto zesumme mat hiren dräi Kanner publizéiert. Bei där sech allerdéngs séier erausgestallt huet, datt d'Foto manipuléiert gouf. E "Shitstorm" huet do natierlech net laang op sech waarde gelooss. Trotz Entschëllegung vun der Prinzessin, déi erkläert huet, datt si "gäre mat der Beaarbechtung vu Fotoen" experimentéiert, sinn elo vill Leit skeptesch géigeniwwer Fotoe vun de brittesche Royals.

Ob déi nei ausgeschriwwe Plaz am Buckingham Palace mam PR-Debakel ze dinn huet, ass net genee gewosst, op alle Fall ass d'Kinnekshaus op der Sich no Verstäerkung fir hir Kommunikatiounsekipp. Gesicht gëtt e Kandidat, fir "d'Aarbecht, d'Roll, d'Bedeitung an de Wäert" vun der kinneklecher Famill géigeniwwer dem weltwäite Public ze fërderen. Dorënner fält ënnert anerem och d'Kreatioun vu Social-Media-Contenu.

Melle kann ee sech nach bis de 7. Abrëll. Matbrénge sollt een ënnert anerem Interessi u Kommunikatiounsaarbecht, en A fir den Detail, Eegeninitiativ an Upassungsfäegkeet. Grad d'A fir den Detail wier bei der Foto vun der Prinzessin mat hire Bouwen an hirer Duechter gefrot gewiescht.