Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm gutt Manéieren, e männlechen Top Model an ëm den Télévie-Challenge an der RTL City.

De Raymond Bernard weess sech ze behuelen duerch säin Ëmgang um Haff mat Staatscheffen, Kinneken a Keeser. Op Wonsch vun der Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte war hien deemools an de Palais komm an ass an déi eenzel Poste wéi Majordome, Butler, Dénger, Event Manager, Organisateur an Etikette Professer eragewuess. Haut huet hie sech d'Verdeedegung vun der Etikett op de Fändel geschriwwen. Am Buch 'Die Besonderheiten der Etikette' huet hien op 300 Säiten alles wat wichteg ass notéiert, vun den Dëschmanéieren iwwer Kleedung bis bei de Respekt.

RTL

De Joey Ferreira huet et vu Nidderkuer aus als Model bis op Monaco bruecht, op d'Wiel vum 'Top Model International'. Hei huet hien et bis an d'Top Ten gepackt, an och wann de Jury him net genuch Punkte ginn huet, de Publikumsvoting huet hie fir sech entscheet. 'Et soll een u seng Dreem gleewen an alles derfir maachen' ass säin Motto, mee wa seng Frëndin net gewiescht wier, déi en ugemellt hat, wier näischt draus ginn. Eng gutt Erfarung a vill Kontakter bréngt hie mat zréck an déi nächst Rendez-vous'en am Fotostudio sinn fest ageschriwwen.

RTL

Eemol d'Joer struewelt d'Personal aus der RTL City fir den Télévie a kritt prominent Verstäerkung vu Leit aus der Politik an dem ëffentleche Liewen. Mat derbäi de Familljeminister Max Hahn, d'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen an de fréiere Chamberpresident Mars Di Bartolomeo. Zesumme mam Christophe Goossens, CEO vun RTL Lëtzebuerg an der BCE an dem Elmar Heggen, Deputy CEO A COO RTL Group pedalléiere Leit aus den eenzele Servicer a maache sech midd fir den Télévie, deen den 20. Abrëll am ganze Land gefeiert gëtt.