Mat 51 Joer
Cameron Diaz gëtt eng weider Kéier Mamm

D'Cameron Diaz op der eeeeeatscon 2019. / © TOMMASO BODDI GETTY IMAGES NORTH AMERICAGetty Images via AFP
Zesumme mat hirem Mann dem Benjamin Madden, dee sechs Joer méi jonk ass, huet d'Actrice bekannt ginn, datt hire Jong Cardinal Madden op d'Welt koum.
Zesummen hunn d'Actrice an de Gittarist vun der Band Good Charlotte an engem Instagram-Post d'Gebuert vun hirem Jong matgedeelt. "Hien ass fantastesch a mir sinn all esou glécklech, datt hien hei ass".
Et ass dat zweete Kand fir d'Koppel, déi zanter 2015 bestuet ass. Am Dezember 2019 war d'Duechter Raddix op d'Welt komm.
Am meeschte gelies