E Méindeg ass nees Eemaischen an der Stad, vill Sammler kënnen et kaum erwaarden, d'Modeller vun dësem Joer ze entdecken.

Schonn zënter 1937 gëtt et de Comité Alstad, dee sech virop ëm den Erhalt vum historeschen, urbanisteschen oder kulturellen Ierwe këmmert, ouni si géif et awer kaum d'Eemaischen ginn, wéi mer se haut op Ouschterméindeg an der Stad kennen.

10.000 Leit hat et eleng d'lescht Joer op de Fëschmaart gezunn an dat mat Sécherheet wéinst de Péckvillercher, déi een do ze kafe kritt. De Comité verkeeft do och seng eege limitéiert Spezialeditioun vun 120 Stéck an donieft nach en anere Modell, wou den Erléis un den Televie geet. Produzéiert ginn se, sou ewéi eng 4.000 anerer bei der Ligue HMC zu Capellen, wou ënnert den 9 Mataarbechter och d'Danielle Dienert ass, déi schonn 41 Joer laang Péckvillercher mécht.

RTL

Wéi déi kleng Keramikpäifen dëst Joer ausgesinn a wéi se gemaach ginn, dat gesitt der am Video.