Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm Fotografie vum Alldag, Musek an d'Sportaart Kendo.

D'Jessica Theis engagéiert sech mat hirer Fotografie a knipst net just schéin Motiver a Landschaften. Hier éischt Ausstellunge waren 2005 zu New Delhi respektiv Diddeleng, wou si nach zesumme mat aneren ausgestallt huet. Zanter 2005 huet d'Mamm vun 2 Kanner sech selbstänneg gemaach an de Choix vun Theeme geet vun Traditiounen a Migratioun iwwer d'Hiewanskonscht bis bei den Offall. Mat "1001 Tonnen" gëtt et aktuell eng Expo zu Stengefort a Clierf, awer och Atelieren an e Buch. Am neie Projet "Wee bass du?", dee fir Juni prett ass, gëtt si Leit mat Handicap eng Stëmm. Méi Detailer fannt Dir op jess.lu.

De Cali kënnt en Dënschdeg den 23. Abrëll an de Centre culturel "Opderschmelz" zu Diddeleng a feiert op der Bün direkt 2 Anniversairen. Virun 20 Joer koum "L'Amour parfait" eraus, an elo ass et eng Reeditioun vun 13 Titelen, déi de Sänger markéiert hunn, mat Duetter, déi eemoleg sinn. "C'est quand le bonheur", "Elle m'a dit" bleiwen engem fir ëmmer am Ouer. Hien ass de Moment mam Steve Nieve op Tournée, deen och fir den Elvis Costello, Sting, David Bowie a Mick Jagger Piano spillt. An net zulescht déi grouss Frëndschaft zum John Rech bréngt de Sänger, Auteur a Komponist nees fir en aussergewéinleche Concert op Diddeleng. Tour-Datumer a méi Informatiounen zu senger Musek fannt Dir op calimusic.fr.

Den Arnaldo Marques huet den 2. Dan am Kendo a mécht sech staark fir eng Nationalekipp a sengem Sport. Zanter 2016 ass hie bei dëser Kampfsportaart aktiv an 2018 war den Arnaldo selwer bei de "French Open" vum Kendo. Haut huet hien den 2. Dan an huet als Trainer Woch fir Woch mat Jonken ze dinn, déi sech fir d'Techniken aus der Welt vun den "Arts martiaux" begeeschteren. Op Seminairen, déi vu Japaner mam 8. Dan gehale ginn, gëtt gewisen, wéi wichteg Disziplin a Respekt beim Kendo sinn an ugepeilt ass, fir d'Zukunft eng Nationalekipp fir Männer a Fraen ze hunn. Méi Informatiounen zu der Sportaart Kendo zu Lëtzebuerg fannt Dir op www.flam.lu/kendo/.