Scho kuerz virun 10 Auer de Moie stoungen d'Sammler trotz Ree Schlaang fir bei d'Nouspelter Aulebäcker.

Ee vun hinnen ass den Herman Vosman, deen zanter 11 Joer zu Nouspelt wunnt a sech als "Bäigeprafften" a punkto Péckvillercher gutt integréiert huet. Zanter 4 Joer mécht hien déi kleng Toun-Villercher, dëst Joer bréngt en deen éischten ënnert sengem eegenen Numm eraus: Et ass eng Hommage un d'Futtballnationalekipp och wann déi leider net géint Georgien gewonnen huet.

Um Stand niewendrun geet et ëm d'Alldagshelden. De Marc Einsweiler sicht sech all Joer en anere Beruff dofir aus, dëst Joer ass et dee vun der Infirmière- hien nennt se Karin. Schliisslech wiere mir ouni si schlecht drun, erkläert de Marc Einsweiler. D'lescht Joer ass de Bauer bei him zu Éiere komm.

De Moien huet de Ree bëssen op d'Stëmmung gedréckt- ëmmerhin hunn déi Nouspelter eng Woch laang owes opgeriicht – bei schéinem Wieder komme 7.000 Leit an dat klengt Duerf. Haut géing een éischter mat 4.000 Leit rechnen, erkläert den Nicolas Bertrand vun der Eemaischen asbl. Ma dass de Moie schonn esou fréi Leit gewaart hunn, hätt d'Moral gehuewen. Schliisslech riichten eng 40 Leit déi ganz Woch virun Ouschteren op, fir dass aus dem "Duerf en Duerffest gëtt".

Iwwregens: Verschidden Aulebäcker bidden och personaliséiert Péckvillercher un. Déi ginn natierlech net den Dag selwer fäerdeg, well se dertëschent dréchne mussen.