De Maart fält op Ouschterméindeg, well deen Dag d'Aulebäcker an d'Méchelskierch an d'Mass gaange sinn.

Duerno hu si hir Wueren dobausse verkaf. Den Tim Morizet war fir Iech an d'Stad kucken.

E fréit Ouschteren dëst Joer bréngt virun allem Reen op de Feierdeeg. Vill Leit hunn et sech awer net huele gelooss, fir e Méindeg um Feierdag en Tour duerch d'Stad iwwert d'Eemaischen ze maachen. Eng auslännesch Traditioun, déi sech Enn 15. Joerhonnert zu Lëtzebuerg niddergelooss huet.

De Guy Jourdain, President vum Comité Alstad: "Zu Lëtzebuerg huet dat sech immens séier developpéiert. Et ass e Familljentreff ginn. Ouschterméindeg koum een an d'Stad op de Fëschmaart. A Mëttes goung et op Nouspelt. Dat war och den Ausgang vun der Eemaischen."

D'Eemaischen zitt all Joer ëmmer nees dausende vu Leit un. Fir vill Stater, awer och soss Begeeschterter ass et all Joers e festen Datum am Kalenner. Vum Bock bis erop bei de Knuedler geet d'Stater Variant. Eng Variant, déi mëttlerweil och vill Auslänner unzitt.

Den Tiago Santos vum LCTO, dem Stater Tourismus Büro: "Dat ganzt am Kader vum Resonanz-Tourismus an dem Gefill vun "live like a local". Dat heescht vill Leit wëllen dat traditionellt Konschthandwierk kenneléieren a mat de Lokalen zesummekommen an déi lokal Produite kafen: ewéi zum Beispill de Péckvillchen."

D'Eemaischen an de ganzen Ouschterweekend zéie vu Joer zu Joer méi Touristen an de Grand-Duché. Och dëst Joer gouf de Rekord nees gebrach. Zwar kann net all Tourist eenzel gezielt ginn, ma sou sinn zum Beispill d'Touren uechter d'Stad quasi all ausgebucht.

Den Tiago Santos: "Den Impakt ass wierklech immens grouss. Mir haten um Knuedler an der Touristen-Informatioun iwwert den Ouschterweekend iwwer 1.800 Visiteuren, déi accueilléiert goufen. D'Ouschter-Safari fir Kanner war "complet". Déi fënnt awer nach déi ganz Ouschtervakanz statt. Mee och bei de gefeierte Besichtegungen hat mer eng Ronn 200 Participanten. Dat nämmlecht gëllt fir d'Péitruss-Kasematten. D'Bock-Kasematte ware souguer komplett ausgebucht mat iwwer 1.600 Ticketen."

Den traditionelle Péckvillche gehéiert dann natierlech och zum Ouschterméindeg. Och wann esou muncher ee... säin Alleréischten nach ganz skeptesch bekuckt... Zanter bal 6.000 Joer gëtt de Villche gebak. Haut an alle Faarwen a Formen. A souguer mat esou vill Erfarung wëll ee preparéiert sinn – esou och den Organisateur selwer: "Mir wëssen och scho wéi eise Péckvillchen d'nächst Joer ausgesäit. D'Commande ass d'lescht Woch eraus. Well no der Eemaischen ass jo, wéi ee sou schéi seet, virun der nächster Eemaischen."