Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm Schwammen, Äisschwammen, Fantasy a Lego.

De Julien Henx huet als Elittesportler beim Team Lëtzebuerg déi olympesch Spiller zu Paräis fest am Viséier. Mat 5 individuelle Landesrekorder an 21 Goldmedailen bei de 'Spiller vun de klenge Länner' huet de Schwëmmer schonn e schéine Palmarès. Eleng 9 mol huet hien bei enger WM participéiert. No 19 Joer zu Diddeleng am CNDU huet hien rezent de Veräin gewiesselt an trainéiert elo bei den 'Sharks Luxembourg' wat him hoffentlech genuch Opdriff gëtt fir weider Beschtzäiten an Exploiten. Donieft engagéiert hie sech och op ville karitative Pläng, spillt Batterie an ass e Mega-Formel1 Fan.

RTL

D'Fotografin Anna Molzahn lieft de Wanter a Schwedesch-Lapland an huet d'Äiswaasser-Schwammen zu Skelleftea gewonnen, wou déi jonk Fra bei de 25m Freestyle a 50m Freestyle un den Depart gaangen ass. Mat engem Joer huet d'Anna éischt Schwammerfarung gesammelt a mat 5 war si schonn Leeschtungsschwëmmerin. 10 Joer méi spéit war si wärend 1 Joer op engem Elitesportinternat zu New Hampshire awer no der Première huet se d'Schwammen opginn an huet Medezin studéiert, bis si d'Léift zur Fotografie entdeckt huet. Hir Fotoe kann een ënner anerem am Buch 'Lëtzebuerger Ardennen' gesinn, dat bei den Editions Schortgen erauskoum.

RTL

De Gérard Kraus invitéiert op den 10ten Anniversaire vun der LuxCon, deen nächste Weekend zu Märel gefeiert gëtt. 2014 war den éischten 'Fantastikfestival' an den 13 a 14. Abrëll gëtt am Forum Geesseknäppchen nees en Event organiséiert, wou Fans, Geeks an Nerds d'Méiglechkeet kréien, hir Liblingsbicher, Sendungen, Spiller a Filmer ze fannen. Am Beräich Science Fiction, Fantasy an Horror gëtt ee verwinnt. Artisten, Auteuren, Konschthandwierker a Cosplayer kommen a Kontakt mat hirem Public an e puer bekannten Nimm hu sech ugekënnegt, sou dass nees mat 5.000 Visiteure gerechent gëtt.

RTL

D'Team 'Lego Knuffs' vu Schieren hu sech ënner 400 Teams bei der 'First Lego League BeLux' duerchgesat. Déi jonk Bastler hunn hiert villsäitegt Talent ënner Beweis gestallt an direkt an e puer Kategorien ofgeraumt. Gefrot waren innovativ Iddien an eng global Visioun bei komplexe Problemer an dat huet de Schüler aus dem Zyklus 4.1 déi bescht Plaz abruecht. Se hunn zB och en App-Prototyp entwéckelt, fir Leit déi net gesinn a wou Danzbeweegungen duerch akustesch Beschreiwungen erfaasst ginn.