Vu Mercedes-Benz aus dem Joer 1898, iwwer F1-McLaren vum Senna, Lancia Aurelia Spider America bis "the big five" vu Ferrari, alles an enger Kollektioun!

De mëttlerweil 77 Joer alen Entrepreneur a Geschäftsmann Friedhelm Loh aus Dietzhölztal-Ewersbach, deem net manner wéi 95 Betriber gehéieren, sammelt säit iwwer 35 Joer Autoen. Klassesch Autoen, genau esou wéi modern Autoen, vum Stroossewon bis zum Rennwon ass alles dobäi. Ugefaange mat engem Benz aus dem Joer 1898 bis zu engem Mercedes AMG vun 2021 fir d’Stroossenautoen.

RTL

© Jeannot Boesen

Wat d’Rennween ugeet, e Bentley 4,5 Liter vun 1931 bis zum DTM Mercedes vun 2014. Dem Sammler säin Numm ass deene Leit bekannt, déi sech op groussen Auto-Ausstellungen duerch d’ganz Welt beweegen. Dacks huet hie seng Exoten un Aussteller ausgeléint. Virun e puer Joer koum dem Här Loh d’Iddi en eegene Musée opzemaachen a seng Passioun mat de Leit ze deelen. Säit Juli 2023 huet den Nationalen Automobil Musée – Collectioun Loh seng Dieren ëmmer mëttwochs bis freides vun 10:00 bis 18:00, souwéi samschdes a sonndes vun 10:30 bis 18:00 Auer, fir de Publikum opgemaach.

RTL

© Jeannot Boesen

An enger eegens dofir ëmgebauten Industriehal kann de Visiteur iwwer 150 Zäitzeien aus der Geschicht vun der Automobiller Technik bewonneren. All Exponat ass en Original an huet seng eege Geschicht.

Sou gesinn op der Strooss
An der Spacht vun de Stroosseween sinn et e puer Mercedes vun AMG, en SL-Fligeldierer, e Pullmann oder eng Partie al Benzen aus den 1930er Joren. Och aner Marke sinn ze gesinn. Nieft engem Bugatti Type 57 Atalante vun 1938, en Tatra 77A vun 1937, eng Rei Bentley vun 1931 bis 1937 oder e Porsche Speedster vun 1957, gëtt et e Lancia Aurelia Spider America vun 1955, e Ferrari 250 GT Berlinetta vun 1960 oder e Maserati A6G/2000 vun 1955. Donieft e BMW 507 Roadster vun 1958, esou ee Modell hat den Elvis Presley wärend sengem Militärdéngscht an Däitschland.

RTL

© Jeannot Boesen

Zu den Autoen aus den 1960er Jore gehéiert ënner anerem e Lamborghini 350 GT Coupé vun 1965 oder e Jaguar E-Type Coupé vun 1966 sou wéi e Facel Vega II vun 1962. Aus de 1970er Joren gesäit een e Lamborghini Miura vun 1971 oder e Porsche 911 RS 2,7 Lightweight vun 1973, fir nëmmen déi ze nennen.

Op engem Podium zesumme steet e Maybach Zeppelin DS 8 vun 1937 an e Maybach Exelero vun 2005. Eng hallef Dose kleng Autoen wéi e Gogomobile, en NSU Prinz, e Lloyd, eng 4CV vu Renault oder eng 2CV „4x4“ stinn och an der Hal.

RTL

© Jeannot Boesen

Aus dem Automobilsport

Am Beräich Automobilsport stinn nieft enger Rei DRM-Autoen aus de 1970er Joeren wéi Ford Capri, Mercedes 300 SEL 6,3, Opel Manta och eng sëllegen DTM-Autoen vun 1989 bis 2015 wéi Alfa Romeo, Audi, Mercedes, BMW oder Ford Sierra. Original Formel 1-Autoe vum Ayrton Senna, Stefan Bellof, Mika Häkinen, Nico Rosberg a Michael Schumacher sinn genee esou ausgestallt. Et ginn esou vill flott Autoen ze bewonneren, et kann ee se net all opzielen.

RTL

© Jeannot Boesen

Ferrari - The big five!

An der Sonderausstellung vun dësem Joer geet ëm Ferrari. Nieft enger Rei Raritéiten aus de 1950er a 1960er Joren, läit de Fokus awer op „the big five“, eng vun deene seelensten a wäertvollste Sammlungen, déi et an dëser Konstellatioun net dacks ze gesi gëtt. Dat sinn de Ferrari 288 GTO vun 1985, den F40 vun 1989, den F50 vun 1996, den Enzo vun 2003 an de La Ferrari aus dem Joer 2015.

RTL

© Jeannot Boesen

Och an der Sammlung fënnt een den originale Ferrari 250 S, den 1952 d’Mille Miglia gewonnen huet. Um Auto ass d’Startnummer 611, wat deemools d’Auerzäit war, wou den Auto op d’Streck geschéckt gouf. Net wäit ewech steet en 250 MM, wat eigentlech e Rennwon ass. Deen Auto gouf senger Zäit speziell ëmgebaut an als Stroosseversioun un de Prënz vu Persien Aga Khan a seng Fra Nina Dyer verkaf. Den Interieur ass ganz aus Stoff vun der Firma Hermès agekleet ginn, wéinst der Madamm hirem Faibel fir di Marke.

Nieft der Autosausstellung gëtt am Musée och d’Technologie ganz grouss geschriwwen.

"Dat wat ons Virfueren ënner den deemolege Méiglechkeete konzipéiert hunn, ass schlicht grouss Konscht", seet de Chef vum Musée. Dëst beweist e Schnëttmodel vun engem Bugatti 16-Zylinder-Moteur oder en Head-Up Display vun engem 1994 Dodge IROC Renner. Schoulen aus ganz Däitschland komme reegelméisseg an de Musée fir de Schüler, déi sech an der Technik wëlle forméieren, e Abléck ze ginn an Infoen ze sammelen.

RTL

© Jeannot Boesen

D’Loh Collection ass e ganz interessante Musée, fir all déi di faszinéiert si vun der Automobil-Geschicht. Wärend een duerch d'Hale geet an di schéin Autoe bewonnert, spiert ee richteg d’Passioun an den Engagement vum Sammler, dee seng Schatzkammer dem Publikum opgemaach huet. Eng Visitt am hesseschen Dietzhölztal–Ewersbach, nërdlech vum Westerwald, ass op alle Fall der Wäert. An net ze vergiessen, e Kino an e Restaurant gëtt et och am Musée.

RTL

© Jeannot Boesen