Lëtzebuergesch-amerikanesche Geschäftsmann op Milliardärslëscht vu Forbes

© pexels.com / John Guccione
Virun e puer Deeg huet den amerikanesche Wirtschaftsmagasinn Forbes seng Lëscht vun de räichste Persounen op der Welt publizéiert.
Am Ganze stinn 2.781 Milliardären op der Lëscht. Ma ënnert hinne befënnt sech och e Lëtzebuergesch-amerikanesche Geschäftsmann. D'Verméige vum Michael Gans a senger Famill gëtt op 1,1 Milliarden $ geschat. Domat packe si et op déi 2.679 Plaz vum Ranking.
Wéi Forbes schreift, ass de Michael Gans e Lëtzebuergesch-amerikanesche Geschäftsmann, deen ënner anerem Geschäftsflächen zu Dublin, London, Lëtzebuerg a Manchester besëtzt. Ausserdeem hält hie 25 % vun der Logistik-Firma "Supreme Group", déi ënner anerem den Haapt-Fournisseur fir Iessen a Waasser fir d'US-Truppen an Afghanistan war.