Wat muss een alles als jonk Expat-Famill iwwert d'Liewen zu Lëtzebuerg wëssen?

© ADOBE / Sunny Studio
Déi nei Rubrik op RTL Today an RTL infos beschäftegt sech mat wichtegen Tipps an Informatioune fir jonk Expat-Familljen am Grand-Duché.
Wéi fannen ech déi richteg Crèche fir mäi Kand? Wéi funktionéiert de Lëtzebuerger Schoulsystem? Wéi fannen ech de richtegen Dokter? All dat si Froen, déi ee sech als jonk Famill stellt. Besonnesch wann een an engem Land lieft, an deem een net opgewuess ass.
Dowéinst hunn RTL Today an RTL infos eng nei Rubrik lancéiert, fir jonken Expat-Famille bei de Froe vum alldeegleche Liewen ënnert d'Äerm ze gräifen. Bei "Family Matters" respektiv "La Vie de Famille" gëtt een alles gewuer, wat d'Liewen als Famill zu Lëtzebuerg méi einfach a méi flott mécht. Vun Informatiounen iwwer de Gesondheetssystem bis hin zu de schéinste Fräizäitaktivitéiten. A wie weess, vläicht ass jo och fir Iech en neien Typ, fir e méi glécklecht Familljeliewen dobäi.