Wat geschitt wärend der Nuecht a wéi vill Leit sinn am Asaz, fir dass Moies, wann d'Dieren opginn, nees alles esou ass, ewéi de Client et gewinnt ass?

Dëst Joer feieren direkt zwee grouss Akafszentren hire 50. Gebuertsdag. 1974 hu se hir Dieren zu Bartreng an op der Helfenter Bréck opgemaach a bal jiddereen zu Lëtzebuerg war schonn op d'mannst eng Kéier an engem vun deenen zwee.

Fir e Centre Commercial, dee ronderëm d'Auer fonctionéiere muss, 35.000 Leit pro Woch an der Keess gesäit, an dat op 65.000 Quadratmeter, ass méi ewéi een am Asaz, fir dëst ze ënnerhalen.

Wann d'Cliente bis eraus sinn, geet u sech déi richteg Aarbecht eréischt lass. D'Mise en Place vun deem, wat scho kann am Viraus gemaach ginn, an deem, wat moies géint 5 Auer eréischt gemaach ka ginn, wann déi frësch Wueren ukommen.

Wou déi zwee Akafszentren opgoungen, war et eng Sensatioun. Nom Bau vum éischte klenge Shoppingzenter zu Bäreldeng 1967, goungen 1974 zu Bartreng an op der Helfenter Bréck d'Aarbechten un zwee neien Akafszentren un: D'City Concorde an dunn de Cactus Belle Etoile.

Déi zwee éischt grouss Shoppingzenteren hunn hir Dieren opgemaach. Frësch Iesswueren, e puer Butteker an e grousse Choix, wat een deemools net aus de klengen Duerf-Epicerië gewinnt war. Elo feieren déi zwee Shopping-Mallen hire 50. Anniversaire. Mir hunn hannert d'Kulisse gekuckt.