Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm de Plooschterprojet, den Télévie, de brasilianesche Filmfestival a Museksfestivallen.

D'Élina Ecker ass bekannt aus dem Handball vum HB Museldall. Hire schwéierste Match hat si awer géint de Kriibs. Als Doublé-Gewënnerin 2016/2017, wéi sportlech alles gutt fir déi jonk Fra gelaf ass, krut si eng Diagnos, déi se ëmgerappt huet a mat där een als Sportler net rechent - akut Leukemie. Eng Welt ass fir si zesummegebrach. "Gesondheet ass alles. Wann een net gesond ass, ass alles näischt." Eng Stammzellespend huet hir d'Liewe gerett. Dofir ënnerstëtzt si elo de Plooschterprojet an hëlleft, dass méiglechst vill Leit sech teste loossen, fir als Spender a Fro ze kommen.

De Ludovic Daxhelet alias Ludo, huet sech duerch d'Sendung "Pékin-Express" en Numm gemaach, wou hie mat sengem Brudder déi 8. Staffel gewonnen huet. Den Télévie läit dem Presentateur vun RTL TVI besonnesch um Häerz well seng Mamm selwer Kriibs hat a säi beschte Kolleeg d'lescht Joer mat Kriibs gestuerwen ass. Um Cuistax sammelt hien zanter 3 Joer op de belsche Stroosse bei de Leit mat der Spuerbéchs Sue fir den Télévie. Fir déi 4. Editioun huet et hien op Äischen verschloen, fir vu Lëtzebuerg iwwer Arel eng 430 Kilometer bis nächste Samschdeg zréckzeleeën.

De Carlo Krieger war Ambassadeur zu Moskau a Peking a spéider vun 2017 bis 2022 a Brasilien. Zanter zwee Joer ass hien a Pensioun, mee hien engagéiert sech awer nach weider fir Brasilien a freet sech elo op de Festival du Film Brésilien. Als Sekretär vun der asbl Cultura brasileira em Luxemburgo gëtt vum 17. bis 21. Abrëll den 8. Filmfestival organiséiert, wou dëst Joer "d'Fra a Brasilien" am Mëttelpunkt steet. Mat Filmer, enger Table ronde zum Thema an der Presenz vun de Realisateure gëtt ee méi iwwer dat gréisst Land a Südamerika gewuer.

Den Dan Terrao organiséiert vill Museksfestivalle wéi de Rise and shine, deen als éischte Festival zu Lëtzebuerg no Corona am Juni 2020 an d'Geschicht agaangen ass. Awer och de Guitar-Battle am legendäre Flying Dutchman geet op seng Kap. Dëse Samschdeg ass d'Première vum Rali do Fado e canções an der Fiels. Op fënnef traditionelle Sitte ginn néng Fadoconcerten organiséiert mat, ënnert anerem, dem Joana de Deus, Maria Tejada, Miramar an dem Magaly Teixeira. Parallel gëtt et eng Expo mat véier renomméierte Fotografen.