Den italieeneschen Designer war schonn eng länger Zäit méi uerg krank.

De Roberto Cavalli ass e Freideg am Alter vun 83 Joer zu Florenz gestuerwen. Wéi d'"Corriere della Sera" mellt, war hie scho méi eng laang Zäit krank. Hien hannerléisst am Ganze 6 Kanner, woubäi dat jéngste Kand eréischt 1 Joer al ass.

Seng laangjäreg Partnerin war déi lescht Stonnen u senger Säit.

An de 70er Joren huet de Roberto Cavalli e Label mam selwechten Numm gegrënnt an huet sech weltwäit en Numm an der Fashion-Welt gemaach. An de 70er Joren hu Schauspillerinne wéi Sophia Loren oder Brigitte Bardot seng Moud gedroen. Spéider huet een ënnert anerem och d'Jennifer Lopez, d'Beyoncé, d'Rihanna, d'Mariah Carey, d'Taylor Swift oder d'Kim Kardashian a senge Wierker gesinn, fir just déi ze nennen.

Besonnesch bekannt war e fir seng Kreatiounen an Déierefäll-Optik. 2015 huet hie säi Moude-Label verkaaft.

RTL