De Grand-Duc feiert um Dënschdeg säin 69. Gebuertsdag. Hie feiert awer zu Bréissel mam belsche Kinnek Philippe, dee selwer um Méindeg 64 Joer krut.

Dat am Kader vun enger Staatsvisitt, déi um Dënschdeg ufänkt.

All 16. Abrëll ginn et um groussherzoglechen Haff awer eigentlech direkt 2 Grënn fir ze feieren: De Grand-Duc Henri an de Prënz Sébastien hunn op deem Dag Gebuertsdag.

De Grand-Duc Henri koum de 16. Abrëll 1955 um Schlass Betzder als eelste Jong vun der deemools ierfgroussherzoglecher Koppel, dem Jean an der Joséphine-Charlotte vu Lëtzebuerg, op d'Welt.

Zanter dem 7. Oktober 2000 ass den Henri Albert Gabriel Félix Marie Guillaume vu Lëtzebuerg de Groussherzog vum Lëtzebuerger Land. Säi kompletten Titel ass "Groussherzog vu Lëtzebuerg, Herzog vun Nassau, Grof vu Sayn, Königstein, Katzenelnbogen an Diez, Buerggrof vun Hammerstein, Här vu Mahlberg, Wiesbaden, Idstein, Merenberg, Limburg an Eppstein".

Dat zweet Gebuertsdagskand um Haff ass de Prënz Sébastien, de jéngste Fils vun der groussherzoglecher Koppel. Hie feiert dëst Joer säin 32. Gebuertsdag.

RTL

"Son Altesse Royale le Prince Sébastien, Henri, Marie, Guillaume, Prince de Luxembourg, Prince de Nassau et de Bourbon-Parme" - wéi de Prënz mat sengem ganzen Numm heescht, huet de 16. Abrëll 1992 an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte zu Lëtzebuerg d'Liicht vun der Welt erbléckt.