Et wier eng enk Relatioun, déi historesch wäit zeréckgeet an haut nach ze gesi wier.

Dat sot de Grand-Duc Henri a senger Ried am Kader vun der Staatsvisitt vun der groussherzoglecher Koppel aktuell an der Belsch.

Et goufen där Visitte scho puer an de leschte Joerzéngten. Déi meescht Biller an eisem Archiv ginn et natierlech vun de belsche Visitten hei am Land. Visitten, bei deenen dacks den Zuch eng Roll gespillt huet an et och mol kleng Panne gouf.

Mam Zuch war nach alles ok. Op d’Sekonn kënnt dee vu Bréissel an der Stad un. 2019 war déi bis elo lescht offiziell Staatsvisitt vun der Kinnigin Mathilde an dem Kinnek Philippe zu Lëtzebuerg. Manner Chance haten d’Gäscht mam Auto. Deen huet beim Kanounenhiwwel gestreikt. Nee, et huet kee missen den Auto drécken.

Am Laf vun der Visitt war deen Auto dunn op eemol bal ze séier. Beim Schlass zu Buerglënster hätt den deemolege Staatsminister Xavier Bettel den Auto mat der belscher Kinnekskoppel op en Hoer verpasst.

De Kinnek Philippe an d’Kinnigin Mathilde waren hei schonn déi zweet Kéier op offizieller Visitt zu Lëtzebuerg. No hirer Intronisatioun am Juli 2013 an hirer alleréischter Staatsvisitt an Holland war de Besuch zu Lëtzebuerg am Dezember 2013 ee vun hiren éischten Optrëtter an hirer neier Roll.

Lëtzebuerg an d'Belsch verbannen awer net just ekonomesch Lienen. Kinnekräich a Grand-Duché sinn och familiär verbonnen. De Kinnek Philippe an de Grand-Duc Henri si Cousinen. Wou dee Lien hierkënnt? Mir sprangen an d’Joer 1994.

Do waren dem Philippe säi Papp, de Kinnek Albert den 2. zu Lëtzebuerg, mat senger Fra Paola. An dem Grand-Duc Jean seng Fra, d’Grande-Duchesse Josephine Charlotte war dem Albert seng Schwëster. Grad wéi si och d’Schwëster war vum Albert sengem méi ale Brudder. Dem belsche Kinnek Baudoin.

Dee war 1958 an 59 am Grand-Duché. Empfaange vun der Groussherzogin Charlotte an Dausende Leit an de Stroosse vun der Stad Lëtzebuerg. An och deemools war d’Delegatioun wéi viru 5 Joer mam Royalen Zuch aus der Belsch op Lëtzebuerg komm.