Gerard Fritz, Mathias Mester, Ludovic Daxhelet a Frank Manes
Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm de Keeser, Sport, den Télévie a Kachen.
De Gerard Fritz huet et vum Apdikter zum Keeser Franz Joseph bruecht. Den Iechternacher lieft haut an der Géigend vu Bad Ischl an do verkierpert hie reegelméisseg de Keeser. E reest dann an der Originaluniform mam Spezialzuch un a gëtt de ville Leit, déi mat Fotoapparat a Kamera waarden, dem Sissi säi Franzl. Et war méi en Zoufall, deen en derzou bruecht huet an elo widderhëlt sech d'Show reegelméisseg. Den Sammler vun alen Uniformen fillt sech richteg wuel a senger Roll an enttäuscht säi Public net, wann e mat der Kutsch gefouert gëtt a frëndlech wénkt.

De Liichtathlet Mathias Mester presentéiert säi Buch 'Klein anfangen, gross rauskommen'. Speerwuerf an Diskus waren seng Disziplinnen, wéi hien nach aktiv war. Bei de Paralympesche Spiller 2008 zu Peking huet hie Sëlwer am Kugelstousse gemaach. An de Joren 2006, 2009 an 2013 war hien IPC-Weltmeeschter am Speerwuerf. D'Gesondheet huet bemol net méi matgemaach, an dofir huet hien sech aner Büne gesicht wéi 'Let's dance', wou hien 2022 mam Renata Lusin 3. ginn ass a mécht elo op Instagram seng 'Weltmesterschaft' instagram.com/mathiasmester

De Ludovic Daxhelet gëtt alles um Cuistax fir den Télévie. Leschte Freideg ass hien zu Äischen mat sengem Gefier fortgefuer an entretemps huet hie schonn sou zimmlech alles erlieft, wat een erliewe kann. Ënnerwee hat hien net just Koppen a Bierger ze meeschteren, wéi beispillsweis de berüümte 'Mur de Huy'. Hien huet mat Reen a Wand gekämpft an hat och scho méi wéi eng Pann mat de Pneuen oder de Bremsen, mee dat Wichtegst ass seng Spuerbéchs, déi sech zimmlech gutt, op de méi wéi 400km duerch d'Belsch, fëllt. https://www.rtlplay.be/les-champions-du-cuistax-p_23734

De Kach Frank Manes huet déi éischt Schrëtt vu senger Léier zu Dikrech an der Hotelschoul gemaach. Säi Wee huet hien dunn a verschidden Haiser am Süde vu Frankräich gefouert, ier en zréck an d'Land koum an 2013 eng nei berufflech Erausfuerderung gesicht a mam 'Restaurant Waldhaff' och fonnt huet. Aner Etappen waren de Restaurant 'Gudde Maufel' zu Äischen an de 'Wax' zu Péiteng mat deem hien am Guide Gault&Millau mat 13/20 Punkten ze fannen ass. Virun 2 Joer ass hie Member vun der 'Académie culinaire de France' ginn a reegelméisseg kacht hien um Téléviedinner. www.televie.lu
