Ierfgroussherzoglech Koppel mat hire Bouwen zu Venedeg

© Riccardo Banfi, 2024 / Maison du Grand-Duc
Zesumme mat hire Bouwe war d'ierfgroussherzoglech Koppel dës Woch op der Biennale zu Venedeg. E kulturelle Rendez-vous, deen hinne besonnesch gefall hätt.
D'Ierfgroussherzogin Stéphanie an den Ierfgroussherzog Guillaume waren dës Woch extra op Venedeg gereest, fir sech do déi verschidde Pavillonen um 60. Gebuertsdag vun der Biennale unzekucken.
Wéi an engem Post vun der Cour Grand-Ducale ze liese war, wier d'Biennale e Rendez-vous, deen der Koppel besonnesch gefält. D'ierfgroussherzoglech Koppel war awer och a ganz léiwer Begleedung, déi hinne ganz besonnesch um Häerze läit: hir Bouwen Charles a François duerfte sech d'Konschtwierker zu Venedeg och ukucken.