Hei stellen nieft franséische Wënzer aus dem Elsass, Bordeaux, der Bourgogne an der Loire och Lëtzebuerger Betriber hir Cruen zur Degustatioun.

40 Prouwe goufe vu Lëtzebuerger Wënzer gestallt: Um Enn goufen et 7 Gold- a 4 Sëlwermedailen.

Am beschten ewech koumen d'Cremante vu Vinsmoselle mat 8 Medaile fir de Poll Fabaire, 2 Medaile goufen et fir Cremante vu Cep d'Or an eng fir de Summum vun de Caves Mathes.