Den Dane Ribeiro bedreift eng Klinik fir Sneaker
Dem Dane Ribeiro seng Geschäftsiddi ass et, Schong ze botzen. Mat 26 Joer Joer huet hien domadder ugefaangen a bréngt Sneaker erëm zum Blénken.
An engem Concept Store zu Schëffleng huet den Déifferdenger seng aussergewéinlech Iddi ëmgesat an huet e Geschäft opgemaach, wou ee sech ka seng Schong botze loossen. Vu 35 Euro u kann een hei d'Schong propper gemaach kréien a wann ee gäre besonnesch Schong hätt, da kann ee sech se och personaliséiere loossen. Den Dane huet sech nämlech och eng Bitzmaschinn kaf, mat där hien de Schong esou gestalte kann, wéi de Client et gären hätt. Et gi Leit, déi hätte gären e Futtballstrikot oder e Stéck vun enger Posch an hirem Schong verschafft an dat kann den Dane ouni Problem maachen.
Den Educateur gouf am Ufank ëmmer vu senge Kolleegen ausgelaacht, mëttlerweil huet hien awer e richtege Business opgebaut. Den Dram wier et, emol vun dëse Servicer liewen ze kënnen. Dat wier hei zu Lëtzebuerg net sou einfach, ma vill Clientë kommen och aus dem Ausland a kontaktéieren hien iwwer Social Media.