8 Fraen an 8 Männer hu sech rezent fir ee Speed-Dating gesinn

Bannent 10 Minutte soll een dem Géigeniwwer souvill Froe stelle wéi méiglech an da geet et direkt virun op den nächsten Dësch.
Wärend engem ganzen Owend haten 8 Männer an 8 Fraen d’Méiglechkeet, sech kennenzeléieren. Iwwert den Internetsite lëtzdate.lu kann ee sech ëmmer fir dës Eventer umellen, do gesäit een dann och, fir wéi een Alter d’Dating-Owender geduecht sinn. Et kascht 50 Euro an um Schluss vum Owend gëtt all Kandidat oder Kandidatin um Site an, wien am beschten ukomm ass a wann et dann zu engem sougenannte "Match" kënnt, da suergt Lëtz-Date dofir, datt d’Kontakter ënnerenee getosch ginn.
D’Diane an d’Vera koume viru puer Méint op dës Geschäftsiddi, well ee selwer och Schwieregkeeten hat iwwert Internet e richtege Partner ze fannen. Dofir hu si sech geduecht, datt et eng gutt Alternativ wier, wann ee sech géing a Realitéit gesinn.
Wou si hire Site bis lancéiert haten, hate se och direkt iwwer 300 Aschreiwunge kritt an an Zukunft wéilt een zweemol de Mount sou en Event organiséieren.