Den Ordre des Architectes et Ingénieurs-Conseils organiséiert dëst Joer nees de Bauhärepräis.

Ënnert dem Patronage vum Grand-Duc ginn all 4 Joer souwuel privat wéi och ëffentlech Bauhäre mat dësem Präis belount.

D’Projeten, déi a Fro kommen, musse fäerdeg Projete sinn, déi duerch héichwäerteg Architektur, Baukonscht, oder duerch den Amenagement vum Territoire a vum Urbanismus, ervirstiechen.

Dëse Präis ënnersträicht d’Vertrauensverhältnes tëscht Maître d’Ouvrage / Designer, fir sech op eng besonnesch Aart a Weis iwwert e qualitative Bäitrag fir d’Zesummeliewen auszedrécken.

Ausserhalb vun de Kategorien, déi vun engem Jury priméiert ginn, gëtt de Public och gefrot, wat fir eng Projeten aus den éischten zwou Kategorië fir si am beschte sinn. Dofir organiséiert den OAI, en Online-Voting, wou d’Leit hir Favoritte bewäerte kënnen.

Jiddereen, dee matmécht, soll och belount ginn, well ënnert all déi, déi beim Vott hir Stëmm ofginn hunn, maachen automatesch bei enger Verlousung mat, wou et en exklusive Weekend zu Lëtzebuerg ze gewanne gëtt.

Fir de Prix du Public ofstëmmen

Entdeckt déi verschidde Projeten aus de Kategorien 1 & 2