Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm Musek a Comedy am TNL.

De Gast Waltzing rout sech net um Grammy aus a bréngt e Mëttwoch d'Zara McFarlane an d'Philharmonie. Déi lescht Méint ware gutt gefëllt fir de Museker, Komponist an Dirigent mat Prouwen an Optrëtt an et gouf vill gereest. Bal war hie mam Filmorchester Babelsberg zu Wien zesumme mat 'Alphaville', bal mam Fils vum Clint Eastwood zu Paräis am Grand Rex fir 'Eastwood Symphonic' ouni de Concert mam Angélique Kidjo zu Malmö ze vergiessen. E Mëttwoch dirigéiert hien an der Philharmonie um Kierchbierg de Concert mam Zara McFarlane 'Celebrating Sarah Vaughan'.

RTL

De Batteur Chris Maas vu Meespelt fillt sech geéiert, fir mam Sting 'On Tour' ze sinn. A klenger Besetzung mam laangjärege Gittarist Dominic Miller an dem Ex-Police-Frontmann geet et am Hierscht 2 Méint op Tournée duerch Nordamerika. De 17. September geet et zu Detroit fort, fir den 13. November zu Los Angeles unzekommen. Genuch Erfarung bréngt de Chris jo schonn duerch seng Tournéeë mat Mumford & Sons' mat an awer bleift tëschenduerch ëmmer nees Zäit, fir mat Kënschtler wéi engem Gill Landry oder Maggie Rogers op der Bün Musek ze maachen.

RTL

D'Maggy Molitor stoung scho mat der legendärer 'Lëtzebuerger Revue' op de Brieder. D'Actrice ass zanter 2022 no 20 Joer mat de Makadammen, a Pensioun a mécht elo mam Konstantin Rommelfangen Comedy. 'Ouni Filter' heescht et nach bis den 8. Juni am TNL, wou d'Maggy fir de Programm och selwer Texter geschriwwen huet. Um Piano Jacqueline Posing-Van Dyck. Si chatten, posten, sharen, liken a weisen net gären hiert richtegt Gesiicht, mee verstoppe sech léiwer hannert enger Fassad sou wéi de Gros vun de Lëtzebuerger. Am Prinzip si schonn all Virstellungen ausverkaaft, awer et gesäit ganz sou aus, wéi wann nom grousse Succès nach Virstellungen drugehaange ginn.

RTL