Rugby-Ekipp aus England feiert a musizéiert fir d'Passagéier
Fir gewéinlech ass en Tour mam Bus fir déi meescht Leit, éischter net den Highlight vum Dag. Dat war fir d'Leit an dësem Bus anescht.
Eng Partie Passagéier, déi e Samschdeg an der Stad an de Bus geklomme sinn, dierften net schlecht gestaunt hunn, wéi eng Rugby-Ekipp aus England mat hirem, et muss een hinne loossen, musikaleschen Talent, d'Stëmmung am Bus ugeheizt huet.
D'Ambiance am Bus war, virun allem fir en Tuer um Samschdeg ganz speziell.
D'Ekipp aus England, de Sherborne RFC, eng Amateursekipp, hat zu Lëtzebuerg e Match gespillt an deen och gewonnen. D'Sportler waren deemno besonnesch gutt drop a wollten de Moment mat de Leit am Bus deelen. Si hunn hiren Emotioune fräie Laf gelooss an och eng Partie Leit am Bus matgerappt.
Eng Sortie mam Bus, déi um Weekend fir dat eent oder anert Laache gesuergt huet.
