Éischte Joresdag vun der Kréinung vum Kinnek Charles III.

© AFP/HENRY NICHOLLS
E Méindeg gouf deen éischte Joresdag vum Kinnek Charles III. senger Kréinung a Groussbritannien gefeiert.
Um Punkt 12 Auer huet d'Royal Horse Artillery vum Green Park, net wäit vum Buckingham Palace, 41 Schëss ofginn. 62 weiderer goufe vum Tower geschoss. Ëffentlech Evenementer oder eng Feier wiere fir de Joresdag net geplangt. De Buckingham Palace deelt och net mat, wou de Kinnek den Dag verbréngt.
De Kinnek Charles III. gëtt den Ament wéinst senger Kriibserkrankung traitéiert. Bei enger Operatioun un der Prostate gouf dës ufanks des Jores diagnostizéiert. No enger Paus vun dräi Méint, hëlt hien zanter leschter Woch nees un Evenementer deel. Deemno wäert hien och e Mëttwoch op enger Gaardeparty am Park vum Buckingham Palace sinn.
Déi schwéier Zäiten, déi d'Kinneksfamill grad duerchmécht, wierke sech positiv op d'Beléiftheet vun der Famill aus. E Sonndeg hate 54 Prozent vun de Britten an enger Ëmfro vu "Mail on Sunday" uginn, eng positiv Meenung vun hirem Kinnek ze hunn. Dat si véier Prozent méi, wéi lescht Joer. 56 Prozent fannen, datt den Charles III. seng Roll als Kinnek erfëllt.
Am Mäerz hat seng Schnauer, d'Prinzessin Kate, matgedeelt, datt si och Kriibs huet. Op Chrëschtdag war si fir d'lescht an der Ëffentlechkeet ze gesinn.