Justin an Hailey Bieber erwaarden hiert éischt Kand

© AFP
Vill kennen hien nach als Teenie-Popstar. Elo gëtt den Justin Bieber selwer Papp.
Zesumme mat senger Fra dem US-Model Hailey Bieber huet de Museker matgedeelt, datt si wäerten Eltere ginn. Op de Biller ass ënner anerem ze gesinn, wéi den 30 Joer ale Biber seng schwanger Fra fotograféiert oder wéi béid hir Hänn op de Bauch vum 27 Joer ale Model leeën.
Scho méi laang gouf spekuléiert, op d'Koppel e Kand erwaart, nodeem d'Hailey Bieber an engem Kleed gesi gouf, wat seng Figur verstoppt huet. Der US-Promi-Websäit TMZ no wier si am sechste Mount schwanger.
Zanter 2009 ass den Justin Bieber, deemools nach en Teenager, weltwäit bekannt. Zäitweis war de Sänger vun den Hits "Baby" oder "Somebody to Love" dee Kënschtler, deen am meeschte gelauschtert gouf. D'Hailey Bieber ass d'Duechter vum Acteur Stephen Bladwin an huet als Model scho fir Marke wéi Ralph Lauren oder Tommy Hilfiger geschafft. Antëscht huet si och eng eege Mark, déi haaptsächlech Produite fir d'Fleeg vun der Haut a Make-up verkeeft.