Léa Linster, Maxime Szturma an den ESC
Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm Kachen, Schwammen an den ESC.
D'Léa Linster verréit eis hir léifst Rezepter vun eisen Noperen am Kachbuch "Deutschland küsst Frankreich". D'Stärekächin ass bis haut déi eenzeg Fra, déi de Bocuse d'Or bei der Weltmeeschterschaft vun de Spëtzekäch gewonnen huet. D'Léa kacht mat Leidenschaft, wat hir och virun zwee Joer um Nationalfeierdag eng Medail abruecht huet. Hir Léift zur Kichen an zum Kachen ass wäit iwwert d'Grenze bekannt an dofir verwonnert et och net, dass d'Léa reegelméisseg op der däitscher Televisioun invitéiert ass, fir vun hirer Passioun ze schwätzen, och wann de Restaurant zu Fréiseng an der Tëschenzäit mat vill Succès vun hirem Fils Louis iwwerholl gouf. Aktuell ass d'Léa awer nach Ambassadeur vun de Madeleinen, déi si elo fir de Filmfestival esouguer héchstperséinlech op Cannes féiert.
De Maxime Szturma kann net genuch vum Sport kréien a moosst sech iwwerall, wou et geet. Scho vu klengem un huet de Sport hie passionéiert. Mat dräi Joer huet hien Bëbee-Basketball gespillt, huet déi rout a schwaarz Ceinture am Taekwondo an huet véier Joer laang Fussball op Kompetitiounsniveau gespillt. Als Schüler vum Sportlycée huet hien ugefaangen, sech fir de Badminton a spéider fir d'Schwammen z'intresséieren. Elo sicht hien Erausfuerderungen am Schwammsport. Duerch de Sport ass hien ëm déi ganz Welt komm a Sport bestëmmt säin Alldag, neierdéngs och bei Hyrox a Crossfit.
All Stonn ginn et nei Geschichte vum ESC an de Loïc Juchem an de Raoul Roos si permanent an enkem Kontakt mat der Lëtzebuerger Delegatioun an dem Tali, fir dass mir och nëmmen näischt verpassen tëscht Interviewen, Prouwen an der grousser Final, wou d'Sängerin sech mat 25 Länner moosse muss. De Stéphane Bern ass net just Lëtzebuerger am Häerz, mee och um Pabeier, a kommentéiert den ESC e Samschdeg zesumme mam Laurence Boccoline fir France2. Hien ass frou, dass Lëtzebuerg nees beim ESC matmécht a ka mat sengem franséischen Handy just fir d'Tali ofstëmmen. An effektiv huet de Stéphane Bern verroden, datt hie genau dat wäert maachen.

© Corinne Cumming / EBU