Wéi wichteg ass Iech Fairtrade?

© Tobias Arhelger / Shutterstock
All Joer organiséiert "Fairtrade Lëtzebuerg" eng Sensibiliséierungscampagne am Mee. Wéi vertraut ass Iech d'Thema Fairtrade a wéi ass Äert Akafsverhalen?
Fairtrade* kennzeechent Produiten, bei där hirer Produktioun verschidde sozial, ökologesch an ekonomesch Krittären agehale ginn. De Produzenten an hiren Aarbechter solle stabil Präisser an eng laangfristeg Zesummenaarbecht garantéiert ginn. Weider kréie si eng Fairtrade-Primm, fir Gemeinschaftsprojeten ze realiséieren. Et gëtt och kontrolléiert, datt d'Bauere sécher Aarbechtsbedéngungen hunn.
* Fairtrade ouni Espace ass e geschützte Begrëff. Fair Trade, also mat Espace, heescht esou vill wéi "fairen Handel" oder "fair gehandelt* an ass kee geschützte Begrëff.