Nostalgesch Eenzelstécker, ouni sech als Client selwer duerch stëbseg Floumäert wullen ze mussen: Dat ass d'Konzept vun "Handpicked Vintage"-Geschäfter.

"Second Hand": Aus zweeter Hand. Et gi Leit, déi hu bei dem Begrëff direkt e stëbseg muffege Geroch an der Nues. Ma wie sech fir nostalgesch Eenzelstécker interesséiert, muss sech net onbedéngt selwer duerch grouss Troce wullen. Sougenannten "Handpicked Vintage"-Geschäfter bidden hirer Clientèle eng Auswiel un Eenzelstécker un, sief et Kleeder, Miwwelen oder Deko-Artikelen. Mä wéi funktionéiert dëse Geschäftsmodell zu Lëtzebuerg a kann en iwwerhaapt lukrativ sinn? "D'Leit wëssen net, wouno se (um Floumaart) solle sichen a se wëlle sech selwer net d'Méi maachen. Se gi léiwer an e Buttek, wou alles selektionéiert ass", seet de Leo Weis iwwert seng Clientèle. De 24-Järegen huet am Februar säi Pop-up Store opgemaach, an deem ee Sports- a Streetwear aus den 80er an 90er Jore verkeeft.

All Kleedungsstéck huet hien eegenhänneg op Floumäert, a Lagerhalen oder Trocen zesummegesicht. Änlech funktionéiert och d'Konzept vum Amanda Rydberg. Déi gebierteg Schweedin ass eigentlech Innenarchitektin, verkeeft zanter dësem Joer awer och ausgewielte Vintage-Miwwelen an Deko-Artikelen. Et misst een am Akaf natierlech ëmmer op Schnäppecher hoffen an et wier och ëmmer d'Gefor do, eppes ze kafen, wourop een duerno sëtze bleift, erkläert si. Mat der Zäit géif een awer e Gefill dofir kréien, wat gefrot wier a wat net.

D'Michèle Rob ass scho méi laang am Geschäft. Hir gehéiert an zweeter Generatioun en Designer-Miwwelgeschäft, wat si ëm Vintage-Miwwelen erweidert huet. Hirer Aschätzung no huet de Secondhand-Marché et zu Lëtzebuerg méi schwéier wéi an anere Länner, well et net an eiser Kultur verankert wier. Si gesäit an de leschte Joren awer eng Entwécklung: "Fréier krut ech alt esou Remarke gemaach: Dat war jo scho bei engem doheem, et weess ee jo net, wie schonn doranner souz. (...) An dat ass awer elo amgaang ze changéieren, och dank der jonker Generatioun. Déi si sech ganz bewosst, dass et besser ass eppes ze kafe wat schonn do ass, wéi lo ëmmer nei Saachen ze kafen."