Éischten offizielle Portrait vum Charles III. als Kinnek presentéiert

© POOL/AFP/Aaron Chown
A rouder Uniform viru roudem Hannergrond: Wat erausstécht beim Portrait vum Kinnek Charles III. ass definitiv d'Faarf. Dës huet allerdéngs eng Bedeitung.
En Dënschdeg huet de brittesche Kinnek perséinlech säi éischte Portrait als Monarch presentéiert. Gemoolt gouf d'Wierk vum brittesche Kënschtler Jonathan Yeo, dee fir seng Portraite vu Prominenter bekannt ass. Bei der Presentatioun vum Bild duerch de kriibskranke Monarch am Buckingham Palace war ënnert anerem d'Kinnigin Camilla dobäi, déi dem Moler Yeo virun hirer Kréinung scho Model gestanen hat.
Um offizielle Portrait ass den Charles III: an der Uniform vun de Welsh Guards ze gesinn, deenen de Kinnek zanter 1975 ugehéiert. Wéinst sengem staarke Lien zum Regiment zitt sech déi rout Faarf iwwert de ganzen zweeanenhallwe Meter héijen Tablo. Fir de Portrait stoung de Kinnek Charles véier Mol Model. Fir d'lescht am November zejoert, also e Joer no senger Kréinung.
De Kënschtler Jonathan Yeo ass fir seng sëllege Portraite vu Perséinlechkeeten aus der Politik an der Ënnerhalung bekannt. Ënnert anerem déi fréier brittesch Premierministeren Tony Blair an David Cameron, souwéi d'Schauspillerinnen Nicole Kidman an Jude Law goufe vum Yeo gemoolt.