Soll een owes wierklech keng Zalot iessen?

Et wëll een eppes Guddes fir säi Kierper maachen an owes mol op eppes Liichtes zeréckgräifen. Vun enger Zalot gëtt awer ofgeroden.
Zalot soll vum Mo net gutt verdaut ginn. Anscheinend soll gréng Zalot iwwer Nuecht am Mo gären an esou zu Verdauungsproblemer féieren, an och de Schlof beanträchtegen. Esou op alle Fall e relativ bekannte Mythos aus dem Ernierungsberäich. Richteg ass dat Ganzt awer net.
Zalot gëtt iwwert d'Nuecht genee esou verdaut ewéi iwwert den Dag. Et gi Leit, déi Schwieregkeeten hunn, réit Geméis ze verdauen. Dës hunn daagsiwwer awer genee esou Verdauungsproblemer ewéi iwwer d'Nuecht. Mënschen ouni dës Problemer wäerten Zalot an anert réit Geméis iwwer Nuecht genee esou verdauen ewéi daagsiwwer.
Gehéiert een zu deenen, déi réit Geméis net esou gutt verdroen, ginn et awer Méiglechkeeten, dëst och ouni gréisser Verdauungsproblemer ze konsuméieren. Esou soll een d'Zalot mat Ingrediente mëschen, déi vun Natur aus Fett an Eewäiss hunn. Méiglechkeete sinn Dressing, Nëss oder Schofskéis. Doduerch gëtt d'Iessen nämlech schonn am Mo gutt op d'Verdauung virbereet an d'Nierstoffer kënnen am Daarm besser opgeholl ginn.
Komplett op seng Zalot verzichten, muss een also och mat engem méi empfindleche Mo net.
____________________________________________________
An eisem neie Format "Hätt Dir dat gewosst?" beäntwere mir allméiglech Zort vu Froen, déi ëmmer rëm opkommen oder déi ee sech einfach mol am Alldag stellt.
Dir huet eng Fro, da schéckt eis se hei eran.