Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm Reesen duerch Indonesien an Australien an en 3D-Drucker.

De Youssef Sabatteli huet et mat engem Kolleeg vun der Uni an Indonesien gezunn fir Land a Leit kennenzeléieren. Hie wollt mat 21 Joer wëssen, wéi et ass, 1 Mount mat engem Rucksak ouni Plang an ouni fix Plaz "low budget" duerch d'Géigend ze zéien an eppes aus deem ze maachen, wat ee virfënnt. Wou schléift een? Wat ësst een a wéi finanzéiert ee sech alles wat ee brauch? Wéi verstännegt ee sech? Wéi deplacéiert ee sech a wat gëtt et u schéine Landschaften ze gesinn? D'Deeg ware voll gepaakt mat Aventuren an interessante Bekanntschaften.

RTL
RTL

D'Stefania Bellanima an den Enzo Disciglio huet et an Australien gezunn an hir Storyen gëtt et op hirem Instagramaccount ze gesinn. Si wollte fort vu Lëtzebuerg an hu sech fir d'Formule "work and travel" entscheet. Dass et do awer net sou einfach ass eng Schaff ze fannen, oder en Hostel ze sichen, dee béide gefält, kann ee sech gutt virstellen a gesäit een och am Bild. Awer och hier sëllege Problemer am a mam Auto, awer och verdreemt Biller aus den Düne maachen engem Appetit op méi.

RTL
RTL

Den Dani Cavalieri ass polyvalent an huet elo den 3D-Drucker fir sech entdeckt. Do, wou vill Leit an der Pandemie net woussten, wéi se d'Zäit rëmkréien, huet hien éischt Erfarunge mam 3D gemaach. Den Dani, deen een nach als eng vun de Stëmme vun Eldoradio kennt, dee virdru 5 Joer laang American Football gespillt huet an elo als Stadionspriecher vum FC Marisca Miersch aktiv ass, verbessert sech reegelméisseg an der Technik vum 3D a freet sech iwwer all Motiv. Ënner anerem print hien domadder och d'Rennpiste vun der Formel-1, Logoen, déi liichten oder de Rank aus "Lord of the rings".

RTL
RTL