Eemol d'Joer gëtt all Knäppche gebotzt
Grouss Botz am Radio-Studio vun RTL
Dass bei RTL reegelméisseg gebotzt gëtt, dat versteet ee jo, mee virun allem an de Radio-Studioen huet d'Botz-Ekipp eng Partie Restriktiounen.
Pro Dag ginn Honnerte vu Leit an der RTL City eran an eraus. Do ass et net vu Muttwëll, dass d'Gebai all Dag vun enger Botz-Ekipp vun uewe bis ënne propper gehale gëtt.
Zu de Raimlechkeete gehéieren awer och d'Radio-Studioen an do ass dat net ganz esou einfach. D'Botz-Ekipp dierf hei nämlech nëmmen de Buedem staubsaugen an net un d'Technik oder un d'Knäppercher goen. Dofir gëtt eemol am Joer de Studio vun eisen Techniker gebotzt an dat akribesch bis an de klengsten Detail. Mir hunn dëst Joer exklusiv mat der Kamera dierfen dobäi sinn.
Am meeschte gelies